Bircher Müsli
Schonn oft hu mir Bicher Müsli giess. Eemol beim Bäcker a schonn e puermol an der Vakanz. Mee wat ass dat Bircher Müsli.
De Schwäizer Dokter Maximilian Oskar Bircher-Benner huet sech dat Rezept 1897 afale gelooss. Hien huet ëmmer Reklamm gemaach fir seng Apel-Diät-Menüe. An eben ee vu senger Rezepter nenne mir haut “Bircher-Müsli”.
Wat ass alles do dran?
Éierlech gesot, wat ass a mengem dran, well mäi Rezept ass e bësschen anescht wéi dat vun deemools.
Also a mengem sinn:
- 100 Gramm Huewerflacken
- ee ganz gudde Schotz Mëllech
- 500 Jugurt
- 2 Äppel
- an eventuell de Jus vun enger ½ Zitroun.
- Korinten an Hieselnëss souvill e wëll a Loscht huet.
- an e puer Stécker Déck Noss.
Wat ass eng Déck Noss? Eng Déck Noss ass op Däitsch eng Walnuss oder op Englesch e Walnut an d’Fransousen nennen dat eng noix. Dat hëlleft och net onbedéngt. Verschidde Lëtzebuerger kënnen d’Déck Noss och als Hackernoss.
Als éischt ginn d’Huewerflacke wärend op mannst engem fir e puer Stonnen an der Mëllech ageweecht.
Wann dat alles gutt gemautscht huet, geet et weider.